Eist Duerf

Biwelser Millen. Jean-Pierre Lamboray, 1931.
Biwelser Millen. Jean-Pierre Lamboray, 1931. Ueleg op Léngen, 50 x 65. Sammlung vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, Lëtzebuerg.

Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our.

Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt.

Wéi d’Talspär Ufank vun den 1960er Jore gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d’Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, mat gréngen Hiwwele ronderëm.

Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen a Touristen, wéi och kleng Seminairen a Familljefeieren ëmpfänke kann.